Poulet's an Haxefest 2024

17th October 2024

club logo

F.C. Préizerdaul-Réiden

FlyerA4.pdf

Den FC Préizerdaul-Réiden invitéiert ganz häerzlech op säin Poulet's an Haxefest 2024 den 3.11 zu Réiden am Centre Polyvalent.

Apéro ab 11h30

Zur Auswiel vir z'iessen sti folgend Menu'er:

Menu 1 : 1/2 Poulet mat gebotschte Gromperen / Fritten an Zalot : 25 €

Menu 2 : Hax mat gebotschte Gromperen a Sauerkraut : 28 €

Vegetaresches : Veggie-Lasagne : 18 €

Kannermenu : Grillwurscht mat Fritten an Glace : 10 €

Umellungen bis den 28.10 per Mail un feltzjoel@fcpr.eu oder per Telefon beim Mani ( 621 243 971 ) oder beim Joël ( 691 601 995) .

Vir ons Zukunft schloe mir gären ee méi nohaltege Wee an. Dofir ass eist Fest den 3.11.2024 e Green-Event. Ma wat heescht dat konkret?
- Keng Eewee Artikel. --> Besteck, Teller a Glieser gëtt Mehrweggeschier.
- E ganz groussen Deel vum Iessen a Gedrénks ass REGIONAL, BIO oder FAIRTRADE.
- Mir verzichten op Plastik sougutt et geht.
- Och op Pabeier wëlle mir verzichten a wann da gëtt et recycléierten Pabeier.
- Offalltrennung ass e grousst a wichtegt Thema dofir stinn gekennzeechent Poubellen am Salle.
- Alles wat Deko ass wärt wiederverwendbar sinn sou dass näischt muss weggeheit ginn.

Mobilitéit:
Zu Réiden bei der Kiirch sinn nit allzevill Parkplazen. Kommt w.e.g ze Fouss oder als Co-Voiturage oder am bäschten mam ëffentlechen Transport oder mam Velo.
Op www.mobiliteit.lu fannt Dir d'Fuerpläng vun de Buslignen déi Iersch bal bis bei de Salle bréngen.
Buslignen fir den Arrêt "Bian" :
950 Regional Busligne Arel (B) --> Ettelbréck
121 Regional Busligne Wolz --> Réiden
961 Regional Busligne Réiden --> Réiden
904 Regional Busligne Stäreplaz --> Réiden
901 Regional Busligne Martel --> Réiden
A vir eis Vëlosfrënn stinn extra Velosparkplaze virgesin.
E grousse Merci dem Oekozenter Pafedall fir hier super Formatioun an Ennerstëtzung fir zesummen kënnen ee méi nohaltegt Fest ze veranstallten.

Mir freeën eis op Iersch!

De Comité